JUMPING FITNESS
Iwwer mech
Salut, ech sinn d’Mandy!![]()
Jumping® Fitness ass fir mech vill méi wéi just en Training – et ass meng Passioun.![]()
Ech sinn zertifizéiert Jumping® Fitness-Trainerin an ech hu Freed drun, Leit duerch Beweegung, Musek a ganz vill positiv Energie zesummenzebréngen.
A menge Coursen huet jidderee säin eegent Trampolin, an zesumme gëtt gesprongen, geschweesst, gelaacht an natierlech och mol un déi eege Grenze gaangen. Et ass en effektive Ganzkierpertraining, deen d'Gelenker schount – mee meeschtens fillt et sech éischter wéi eng Party wéi wéi Sport un.![]()
Egal ob mir op engem schéine Summerowend dobaussen sprangen, bei schlechtem Wieder dobannen trainéieren oder bei engem speziellen Event zesumme Gas ginn – gutt Musek, gutt Stëmmung an e grousst Laachen gehéieren ëmmer dozou.
Meng Jumping Community
Fir mech geet et net drëm, e groussen an anonyme Fitnesscours unzebidden.
Ech hu gär kleng Gruppen, bekannte Gesiichter an eng perséinlech Atmosphär, an där jidderee sech wëllkomm fillt – egal ob's du fir d'éischte Kéier um Trampolin stees oder scho méi laang mat mir spréngs.
Mir motivéieren eis, mir schweessen zesummen, mir laachen zesummen … an heiansdo froe mir eis den Dag drop, firwat eis Been nach ëmmer zidderen.![]()
Fir mech ass et méi wéi just Fitness.
Et ass meng kleng Jumping Community.![]()


